One-Man-Stand-Up-Komete-Show : Op Kollisiounskurs

Op Kollisiounskurs - Eng intragallaktesch an extraterrestresch One-Man-Stand-Up-Komete-Show

Wat géift Dir maachen, wann een Asteroid mat eiser gudder aler Äerd kollidéiert an an net manner wéi enger Woch esou zimmlech all d’Liewen dorop ausläscht? Nach séier mam Hond gassi goen? Well och an esou Fäll bleift Dir Äre Gewunnegten trei. Nach eng leschte Kéier bei de Coiffer? Dir wëllt schliisslech gutt ausgesinn bei esou engem once-in-a-lifetime-event. Eng ültim Croisière op de Nordkap, ee leschten Tango zu Paräis oder nach séier een exklusive Flug mat SpaceX an den Weltall buchen, fir deem Spektakel mat beschter Vue bäizewunnen?

Hutt Dir schonns eng Kéier mat dem Gedanke gespillt, an de Weltall ze investéieren? New Space a Space Mining huet net nëmmen de Major Etienne gäil fonnt. Dat butzeg-klengt Lëtzebuerg als Virreider an dier grousser Wild-West-Space-Show, Reegele gëtt et zwar keng, dofir iewer eng Hellewull Goldgriewer a Glécksritter.

An enger exorbitanter One-Man-Comedy-Space-Odyssey ginn de Claude Faber an de Roland Meyer dësen an nach villen anere Froen op de Grond a befannen sech esou méi séier wéi si domat gerechent haten op Kollisiounskurs mat Politik, Ethik a Physik an och mat deem, wat gemengerhand fir de gesonde Mënscheverstand gehale gëtt.

Spill : Claude Faber - Text : Roland Meyer


  • €€ entrée natur musée
  • LU
  • Alter : 14+
  • Umeldung erfuerdert

Useful information

Address

Musée national d'histoire naturelle - 'natur musée'
25 rue Münster
L-2160 LUXEMBOURG

Prices

gratuit mais inscription obligatoire 0 €

Map

Content provided by Echo.lu – Content non-binding and subject to change.

To advertise your event (taking place in the capital) in our calendar, register all the information on Echo.lu and display it on our agenda.

https://www.echo.lu